- by admin
- Sunday, April 21, 2024
No laanger Zäit hun ech mol erem e besse gereimt, dës Kéier op Lëtzebuergesch, demno a menger Sproch ;-)
Daat wollt ech schon emmer mol maan, wei seet een, léiwer speéit wéi nie ;-)
Hei de Clip, wann ee keng Plakkefirma huet, dann huet een nët vill Budget, ech hoffen et gefällt iech awer :-))
Vocals:
Refrain:
Hey hey den ale mam Baart de ale mam groe Baart
Hie schummt sech net hie bretzt sech net hie geet der vläicht op de Sak
Hey hey den ale mam Baart de ale mam groe Baart
Hie schummt sech net hie bretzt sech net hie geet der vläicht op de Sak
- Deen ale war scho jonk ma dee jonken nach net al
- Wien ass mei cool et ass dach schäissegal
- Vill erlieft ma nach laang bis e stiewt
- Villes hueste um Enn och vun him geierft
- Am beschte si mer alleguer zesummen
- Jonker Aler e gemëschte Bouquet Blummen
- An alle Faarwen gemëschte Kulturen
- Dat sinn déi Schrëtt déi hannerloosse Spueren
- Laf net no dem falsche Prophet
- Hir Ideologie huet se falsch geleet
- Ob gréng op roud op riets oder lenk
- Se splécken eis an dat ganz flénk
- Hei déi gudd an do déi schlecht
- Schonn ëmmer gouf et esou e Gefecht
- Hu mer verléiert Kompromësser ze mäen
- Oder ass dat éieren och scho nees banal
- Leiwer openeen--- schloen a klappen
- Am Plaz den Asch ze hiewen an unzerappen
- D‘Rad nei erfannen bedeit keng Verännerung
- Den Undriff awer dee bräicht eng kleng Ännerung
- Guddes behalen bedeit kee Stëllstand
- Richteg nei Iddien sinn um Enn de Garant
- fir Fortschrëtt an Innovatioun
- Gëff Gas mäi Jong d‘ass nach laang bis Pensioun
Refrain:
Hey hey den ale mam Baart de ale mam groe Baart
Hie schummt sech net hie bretzt sech net hie geet der vläicht op de Sak
Hey hey den ale mam Baart de ale mam groe Baart
Hie schummt sech net hie bretzt sech net hie geet der vläicht op de Sak
- Hueste näischt wei Ideologie
- Da bleiw eweg mat där Idiotie
- Oder Spille mer haut rem Indianer
- Vun enger Relioun an déi aner
- Daat ma mer wei de Veganer
- hien ass gudd schlecht sinn déi aner
- Schwarz wäiss, wat e Schäiss
- Mierkste net wei falschste läis
- Gleef mer et läit nach vill dotëscht
- Och wann dat dech elo vläicht quetscht
- Basste dofir oder basste dogéint
- Egal deng Stemm ass just geléint
- Hief den Aasch a géi wielen
- Loos Demokratie net stierwen
- Wa mer se net mei hunn da wësse mer wat feelt
- Da sti mer ganz séier rëm an der Keelt
- Ech sinn en ale Sak an sinn houfreg drop
- Et ass net am Sak mee an der Kopp
- Se all mengen d‘Rad misse nei ze erfannen
- Wat e Kabes gesäit dach e Blannen
- Richteg Ännerunge brauche mir
- Soss gëtt dat näischt hannen a fir
- Keng Zäit fir Rieden ze halen
- Gidd Gas, dat seet iech deen alen
Refrain:
Hey hey den ale mam Baart de ale mam groe Baart
Hie schummt sech net hie bretzt sech net hie geet der vläicht op de Sak
Hey hey den ale mam Baart de ale mam groe Baart
Hie schummt sech net hie bretzt sech net hie geet der vläicht op de Sak
- Hey Decken looss dech net fécken
- vu lénks oder riets loos dech net plécken
- Minett, Musel Westen oder Éislek
- Ganz egal, mir sinn dach alleguer e Stéck
- hei gebuer oder bäigezunn
- Mir komme Multi-Kulti iwwert de Beat geflunn
- Norden, Osten, Süden oder Westen,
- Wie mengt dann hei e wär den allerbeschten
- Jiddereen huet eppes an eppes ze bidden
- Just de Maulert dee steet do wei e Midden
- A wann dat dir net passt da soen ech dir just eent
- Dir huet et fatzeg an de Kapp gereent
- Héichwaasser am Waasser kapp
- Kee Respekt an engem bronge Flapp
- Mir mussen guer näischt ma zesummen halen
- Et geet nëmmen esou, dat seet iech deen alen